Informatiounsversammlung: Formatioun zum Senioresécherheetsberoder
Date: 04-04-2017 - 04-04-2017
Horaires: 15h00
Localité: Mamer Schlass 1, rue de l‘Indépendance L-8252 Mamer
Organisateur: Familljeministère an Zesummenarbecht mat der Police Grand-Ducale an de Senioresécherheetsberoder
op Lëtzebuergesch

D’SENIORESÉCHERHEETSBERODER sinn e Grupp vun aktiven Benevolen, déi d’Leit iwwer all méiglech Kriminalitéitstricker a Geforen informéieren. Während hiere Konferenzen ginn si wertvoll Tipps, wéi d‘Leit selwer eppes fir hier eege Sécherheet kënne maachen.

Hutt Dir Loscht Iech weider ze bilden an eng flott Formatioun matzemaachen? Sidd Dir interesséiert fir aktiv eppes zur Sécherheet bäizedroen a Konferenzen ze halen? Dann engagéiert Iech a gitt Senioresécherheets- beroder!

Zesumme mat der Police Grand-Ducale an dem Familljeministère invitéieren d’Senioresécherheets- beroder op eng Informatiounsveranstaltung, wou Dir méi iwwer déi nei Formatioun zum Senioresécherheets- beroder gewuer gitt. Dës Formatioun gëtt vun der Police am Laf vum Joer ugebueden.

Gratis Umeldungen ënnert der Telefonsnummer 247-86544 (Ministère de la Famille) oder
per E-Mail un senioren@fm.etat.lu

Agenda

juillet
lumamejevesadi
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031
Afficher l'agenda
© Administration Communale de Dippach